Iwwerkonsum & BLACK FRIDAY

Black Friday Marketing
Black Friday Marketing

Wisou gëtt et Black Friday an wisou maachen mir net mat?

 

Black Friday kennt ursprénglech aus den USA, mee ass antëschent och an Europa ukomm. Butteker an Onlinehändler probéieren Konsument*innen mat Prozenter an klengen Präisser unzelackelen. Di Fro, op een dat wat een grad keeft wierklech brauch oder et just keeft well et méi bëlleg ass, stellen sech warscheinlech di mannsten. Genau ewéi di Fro no den sozialen Folgen vun eisem Konsum fir Mënsch an Ëmwelt. Dat ass beispillhaft fir den Iwwerkonsum am Globalen Norden. Black Friday ass eng riseg grouss (an zimmlech gelongen) Marketingstrategie. Ziel ass, den Konsum unzekuerbelen an d`Gewënner dobäi sinn oft di grouss Konzerner, di Milliardenemsätz duerch Black Friday maachen. Den Maart am Globalen Norden ass ëmmer méi saturéiert, also mussen ëmmer nei Ureizer fir weider ze konsuméieren geschaaft ginn. Resultat dovun, ass, dass mir Saachen kafen di mir net brauchen an mengen alles muss sou bëlleg ewéi nëmmen méiglech sinn, wärenddeem Folgen vum Iwwerkonsum op Mënsch an Ëmwelt net méi ze bestreiden sinn.

Mir fannen et kéint awer och anescht goen. Et ginn vill alternativen zum Black Friday an Massekonsum. Hei puer vun eisen Iddien:

  • wann méiglech ausléinen

  • Saachen deelen oder weiderverschenken wann du se net méi brauchs

  • selwer maachen

  • recycléieren oder upcyclen

  • gebraucht kafen

  • an wann nei kafen, kuck dech no nohaltegen alternativen em

Mir sinn eis duerchaus bewosst, dass et heiansdo keng aner Alternativ gëtt ewéi eppes nei ze kafen an net jiddereen huet dat Privileeg, sech nohalteg Produiten leeschten ze kennen. Schwaarz Friday kann hei eng Méiglechkeet bidden, eppes, dat een schonn méi laang brauch, fir méi bëlleg ze kafen. Mir wëllen mat dësem Post keen Klassizismus fuerderen, mee op den Massekonsum am Globalen Norden opmierksam maachen.

geschriwwen vum Valérie

Follow us on Instagram and other social networks

CATEGORY

FOLLOW US